Arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Mir siche fir d'Agence Dageselteren : Agent administratif (M/W/NB) - 30-40 Stonnen/Woch, CDI
Hues du Loscht d'Dageselteren zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen an der Gestioun vun hirer administrativer Aarbecht, a follgend Missiounen ze erfëllen?
Responsabilitéiten
* Encodage vun de Prestatioune vun den Dageselteren
* Assuréiere vun der Permanence téléphonique
* Administrativ Gestioun vun der Agence (Courrier, Facturatioun, Redaktionell Aarbechten, Statistik,...)
* Weiderentwéckele vun eiser Offer (z.B. Digitalisatioun)
* Aktualiséiere vun eiser Internetsäit
* Ënnerstëtzung a Begleedung vun den Dageselteren op administrativem Niveau
Obligatoresch Ufuerderungen
* Du hues een Diplom als « DAP/CATP agent administratif et commercial »
* Du hues e puer Joer Beruffserfarung am administrative Beräich
* Du kanns flexibel an autonom schaffen, hues awer och ee staarken Teamgeescht
* Du schaffs mat grousser Prezisioun a Grëndlechkeet
* Du hues ee gudde Kontakt mam Client
* Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch schwätzen a schreiwen
* (bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)
Mir bidden
* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
-----------------------------------