D’ “société coopérative Ateliers Kräizbierg“ (Société à impact sociétal – S.I.S.) zu DiddelengBeschreiwung vum Posten :An enker Zesummenaarbecht mam Chargé de Direction vun der « société coopérative Ateliers Kräizbierg » (SIS), souwéi mat den Ekippen déi ënnert senger Leedung stinn, schafft dir matenee fir d’Potenzial vun den « ateliers d’inclusion professionnelle » weider ze entwéckelen an hir Evolutioun aktiv ze begleeden. An dësem Kontext analyséiert Dir d’Besoine, formaliséiert, geréiert a setzt Projet’en am Kader vum Budget an de festgeluechten Delaien ëm. Dir koordinéiert ënnert Anerem de Projet vun der Erweiderung vun den Atelier’en a schafft un der Ausaarbechtung vum pädagogesche Konzept a vum „business plan“.Är Missiounen (net vollstänneg):Deelhuelen u wéchentleche Chantier-Reunioune vum « maître d’ouvrage » zesumme mam Responsabel-Koordinator vum Service technique ;Animéiere vun interne Reunioune ronderëm den Erweiderungs- a Renovatiounsprojet an d’Zesummendroen vun Iddie vum Personal ;Identifizéieren a bewäerte vun de finanzielle Besoine fir déi éischt Ausrëschtung an eventuell néideg architektonesch Upassunge festleeën ;Ausschaffe vun engem aktualiséierte Konzept a Businessplang, zesumme mam Chargé de Direction a mat de finanzielle Servicer ;Ausbauen a fërdere vum Potenzial vun den Atelieren duerch relevant Projeten ;Gewährleisten vun enger mëttelfristeger finanzieller Planung an d’Käschtemanagement vun de Projeten ;Ëmsetze vun de Projeten souwéi d’Erstellen vun den néidegen Dokumenter ;Assuréiere vun der Kommunikatioun ronderëm dës Projeten.Äre Profil:Eng BAC+2-Formatioun am Beräich vun der « gestion commerciale / kaufmännische Geschäftsführung » oder änlech;Eng noweislech Erfarung an der strategescher Gestioun vu Projeten;Eng Erfarung am Handwierk oder an sozialer Maartwirtschaft ass e Virdeel;Fléissend an de 3 administrative Sproochen (LU, FR, DE) a geschriwwener a geschwate Form;Gutt Kenntnisser an den Office-Tools vu Microsoft 365;En héije Sënn fir Nolauschteren an d’Fäegkeet, Initiativen ze huelen;Eng analytesch a syntheetesch Denkweis;D’Kapazitéit, autonom ze schaffen. Mir bidden:E Salaire (C5) an attraktiv Aarbechtskonditiounen (CCT-SAS) ;En agreabelt Aarbechtsëmfeld an engem multidisziplinärem Team ;Gemeinsam Wäerter wéi Respekt, Empathie, Ouverture an Inklusioun ;Berufflech Weiderbildung wärend Ärer ganzer Karriär.Wann dëse Posten Iech interesséiert, kënnt Dir Är Kandidatur iwwer www.kraizbierg.lu ënner der Rubrik ʻJobsʼ bis den 30.04.2025 inklusiv eraginn.Réf. AK003RCS Lëtzebuerg: B 21.238