Arcus asbl ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2010 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
D'Maison Relais Rammerech bitt net nëmmen eng villfälteg Betreiung fir d'Kanner, mee ass och eng interessante Plaz fir ze schaffen. Ronn 10 verschidde Raim a vill Platz bausse bitt d'Méiglechkeet senger Kreativitéit fräie Laf ze ginn. D'Zesummenaarbecht an enger dynamescher a motivéierter Equipe maachen d'Aarbecht an der Maison Relais zu Rammerech ofwiesslungsräich a spannend.
Mir siche fir d'Maison relais Rammerech : Educateur gradué - 20-30 Stonnen/Woch CDI
Obligatoresch Ufuerderungen
* Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
* Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
* Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
Mir bidden
* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
-----------------------------------