D’Fondation Autisme Luxembourg engagéiert ee
Redakter/Chargé de communication (m/f/x)
am CDI, 40 Stonnen pro Woch.
fir hir Ekipp « Communication et Relations Publiques » zu Capellen ze verstäerken.
Referenz 2025.03.05 – 2-13-02
Är Aufgaben :
* Artikelen iwwer Aktualitéitssujeten am Zesummenhang mat Autismus schreiwen
* Pressecommuniquéë schreiwen
* Koordinatioun vun engem Périodique
* Redaktionnell Aarbechte fir all d’Informatiounssupporte vun deene verschiddene Servicer vun der FAL (Brochuren, Flyeren, Bréiwer, …)
* Gestioun vun der Internetsäit an vun der Online Präsenz vun der FAL
* Projeten an Events vun der FAL mat plangen a gestalten
Äre Profil :
* Diplom am Kommunikatiounsberäich
* Erfarung am Beräich Journalismus ass vu Virdeel
* Maîtrise vun den 3 Landessproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch) a vum Engleschen
* Organisatiounssënn, Flexibilitéit, Verantwortungsbewosstsinn, Grëndlechkeet, Dynamismus
* Kenntnisser an Indesign, Photoshop an Illustrator
* Ekippegeescht a Kooperatiounsfäegkeet
* Interessi um soziale Secteur an u senge Valeuren
All Kandidaturen, déi dësem Profil entspriechen, kréien eng Äntwert.
Well de Matarbeschter (m/f/x) op deene verschiddene Site schaffe wäert, biede mer Iech w.e.g. nëmmen ze postuléieren wann Dir mobil sidd.
Mir bidden :
* Eng valorisant, autonom a verantwortungsvoll Aarbecht an engem sech ëmmer weiderentwéckelnde Kontext
* Eng agreabel Aarbechtsambiance an enger jonker, dynamescher Equipe
* Eng zolidd Erfarung an enger gutt implantéierter Institutioun am Beräich vum Handicap, op nationalem an och internationalem Niveau (Member vun Autisme-Europe asbl, Don en Confiance asbl, Info-Handicap, …)
Mir akzeptéieren och Stagiairen a Bénévolen.
Déi folgend Dokumenter sinn noutwendeg fir dass ären Dossier als komplett considéréiert gëtt :
* Curriculum vitae
* Lettre de motivation
* Diplom (an eventuell Reconnaissance d’équivalence vum Diplom)
* Casier judiciaire (LUX : N°3 et 5 / BE : n° 595 et 596.2 / FR : n°3 / DE : Führungszeugnis)
Mir bieden Iech direkt op eisem Internetsite: www.fal.lu, der Rubrik “Employeur”, ze postuléieren».