35-40 Stonnen/Woch - CDI
Du hues Loscht mat eis d‘Léierwelt vu muer ze gestalten – fir eng zukunftsfäeg digital Bildungsaarbecht !
Als Mataarbechter fir den neie Centre de Ressources Digiloom erwaart dech eng ofwiesslungsräich an inspiréierend Tätegkeet bei däers du deng Leidenschaft fir digital Innovatiounen abrénge kanns.
Deng Aufgab:
* Promovéiere vun der Digitalisatioun an der non-formaler Bildungsaarbecht
* Leede vu kreative Workshops an der Erwuessenebildung
* Begleeden an Ënnerstëtze vun digitale Bildungsprojeten
* Zesummenaarbecht mat nationalen an internationale Fachinstitutioune
* Matentwéckele vun interaktive Léiermodulen an digitale Konzepter
Däi Profil:
* Affinitéit am Ëmgang mat neie Medien an digitaler Technik
* Passioun fir Mediengestaltung (audiovisuell Medien an/oder kodéieren)
* Motivatioun fir individuell Léierprozesser ze ënnerstëtzen
* Kreativitéit a Virwëlz, Erwuessener fir déi digital Welt ze begeeschtere
* Sproochekenntnisser a Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
* Qualifikatioun an den Erzéiungs- an/oder de Mediewëssenschaften ass vu Virdeel
Mir bidden:
* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft (Kollektivvertrag CCT-SAS)
* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen an um Opbau vun engem neie Centre de Ressources matzewierken
* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten
* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwert eis :
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
-----------------------------------