D’ “société coopérative Ateliers Kräizbierg“ (Société à impact sociétal – S.I.S.) zu Diddeleng
Beschreiwung vum Posten :
An enker Zesummenaarbecht mam Chargé de Direction vun der « société coopérative Ateliers Kräizbierg » (SIS), souwéi mat den Ekippen déi ënnert senger Leedung stinn, schafft dir matenee fir d’Potenzial vun den « ateliers d’inclusion professionnelle » weider ze entwéckelen an hir Evolutioun aktiv ze begleeden. An dësem Kontext analyséiert Dir d’Besoine, formaliséiert, geréiert a setzt Projet’en am Kader vum Budget an de festgeluechten Delaien ëm. Dir koordinéiert ënnert Anerem de Projet vun der Erweiderung vun den Atelier’en a schafft un der Ausaarbechtung vum pädagogesche Konzept a vum „business plan“.
Är Missiounen (net vollstänneg):
* Deelhuelen u wéchentleche Chantier-Reunioune vum « maître d’ouvrage » zesumme mam Responsabel-Koordinator vum Service technique ;
* Animéiere vun interne Reunioune ronderëm den Erweiderungs- a Renovatiounsprojet an d’Zesummendroen vun Iddie vum Personal ;
* Identifizéieren a bewäerte vun de finanzielle Besoine fir déi éischt Ausrëschtung an eventuell néideg architektonesch Upassunge festleeën ;
* Ausschaffe vun engem aktualiséierte Konzept a Businessplang, zesumme mam Chargé de Direction a mat de finanzielle Servicer ;
* Ausbauen a fërdere vum Potenzial vun den Atelieren duerch relevant Projeten ;
* Gewährleisten vun enger mëttelfristeger finanzieller Planung an d’Käschtemanagement vun de Projeten ;
* Ëmsetze vun de Projeten souwéi d’Erstellen vun den néidegen Dokumenter ;
* Assuréiere vun der Kommunikatioun ronderëm dës Projeten.
Äre Profil:
* Eng BAC+2-Formatioun am Beräich vun der « gestion commerciale / kaufmännische Geschäftsführung » oder änlech;
* Eng noweislech Erfarung an der strategescher Gestioun vu Projeten;
* Eng Erfarung am Handwierk oder an sozialer Maartwirtschaft ass e Virdeel;
* Fléissend an de 3 administrative Sproochen (LU, FR, DE) a geschriwwener a geschwate Form;
* Gutt Kenntnisser an den Office-Tools vu Microsoft 365;
* En héije Sënn fir Nolauschteren an d’Fäegkeet, Initiativen ze huelen;
* Eng analytesch a syntheetesch Denkweis;
* D’Kapazitéit, autonom ze schaffen.
Mir bidden:
* E Salaire (C5) an attraktiv Aarbechtskonditiounen (CCT-SAS) ;
* En agreabelt Aarbechtsëmfeld an engem multidisziplinärem Team ;
* Gemeinsam Wäerter wéi Respekt, Empathie, Ouverture an Inklusioun ;
* Berufflech Weiderbildung wärend Ärer ganzer Karriär.
Wann dëse Posten Iech interesséiert, kënnt Dir Är Kandidatur iwwer www.kraizbierg.lu ënner der Rubrik ʻJobsʼ bis den 30.04.2025 inklusiv eraginn.
Réf. AK003
RCS Lëtzebuerg: B 21.238
-----------------------------------